Frontpage

Online Umeldung 2023

D'Online-Umeldung geet geschwënn op. Abonnéiert eise Newsletter oder besicht eis Facebook Säit fir iwwer alles informéiert ze ginn.

 

Laf 2023

Déi nächst Editioun vum Widdebierglaf fënnt de  24. Juni 2023 statt

Fotoen 2022

D'Fotoe vun dësem Joer sinn online.

E grousse Merci eise Fotographen Oli Sigurdsson a Nic Schoetter (Drone) 

--> Fotoen 2022 <--

Spent 2022

Den Erléis vum Laf geet wéi all Joer erëm un e gudden Zweck!
 
Dëst Joer si mir frou der Fondatioun EquiVelo e Scheck vu 5.000 Euro iwwerreecht ze hunn. Si reparéieren al Vëlo'en a stellen se Flüchtlingen a benodeelegt Leit zur Verfügung. Méi Info dozou op www.equivelo.lu 🚲
 
Donieft hu mir 2.000 Euro un UNHCR, the UN Refugee Agency gespent, déi sech weltwäit fir Flüchtlingen asetzen.
 
Villmools Merci nach eemol jidderengem deen den Dag matgelaf oder gehollef hat a natierlech och all de Visiteuren 👏
 
Mir freeën eis elo schonn iech alleguer op der Editioun 2023 erëmzegesinn 🙂
 

Resultater Widdebierglaf 2022

Merci u jiddereen dee beim Widdebierglaf 2022 Deel Geholl huet, sief et op der course oder als spectateur.

D'resultater vun deenen verschidde Leef fannt dir hei: 

10km

5,5km

Kannerlaf 1400m