Informationen

Leederwon asbl

Wir sind stolz der asbl "De Leederwon"  4.150 Euro überreicht zu haben.

 

Nodeems mir vum Projet “de Leederwon” héieren haten, war d’Décisioun séier gefall, fir dës kleng Associatioun ze ënnerstëtzen.

“De Leederwon asbl” gouf am Februar 2008 gegrënnt an huet hiren Sëtz zu Betzdorf. Si setzen en therapeutescht Konzept ëm, wat an Holland an den 80er Joren entstanen ass an do ënnert dem Num “Huifbedrijden” bekannt gouf.

D’Grondiddi vum Konzept ass et, eeler Leit, Leit mat enger schwéirer Behënnerung oder enger Demenz, déi net déi néideg Kraaft hunn fir um Päerd sëtzen ze kënnen, d’Reiden ze erméiglechen an hinnen sou Fräizäit, Spaass an Entspanung mat therapeuteschem Effekt kënnen unzebidden. Der Associatioun ass et immens wichteg, dass d’Leit sech wuel fillen a grouss Freed hunn fir mat de Päerd a Kontakt ze kommen. Sou kann och dëse Leit eng flott Fräizäitaktivitéit ugebuede ginn.

D’”Huifbed” ass eng Rumm aus Stol op dräi Rieder, déi vun zwee Päerd gezu gëtt. D’Leit leien um sougenannten “Bed”, engem Spanduch. Dëst Spanduch befënnt sech an der sou genanntener Rumm an erméiglecht de Leit, déi um Spanduch leien, d’Beweegungen vun de Päerd ze spieren. 

Sou kënne Verspanungen vun der Muskulatur duerch d’Schrëttbeweegungen vun de Päerd geléist ginn. D’Leit sinn duerno méi entspaant, hir Duerchbluddung gëtt verbessert.

Wéi een op de Foto’en erkennt, lafen d’Päerd net virun der Kutsch, mee ënnert dem Spandurch. De Kutscher sëtzt hannert de Päerd an dem Client, deen op dem Spanduch läit. Sou huet hien alles am Bléck a kann duerch e Spigel, deen iwwert dem Kapp vum Client ubruecht ass, Bléckkontakt mat dësem halen.

D’Päerd, déi fir d’”Huifbed” agesat ginn, hunn eng laang Ausbildung missen duerchlafen. Et musse roueg Päerd sinn, déi vis-à-vis vum Stress (z.B. Kaméidi) resistent sinn. D’Päerd mussen hirem Meeschter tiptop follegen an e Vetrauen zu de Mënschen kënnen opbauen. Och de Kutscher muss gutt virbereet sinn op seng Aarbecht a sech mat der Technik vun deene verschiddenen Leepositiounen auskennen.

Méi Infomatiounen fannt Dir ënnert: 

http://leederwon.blogspot.com

 

De Leederwon asbl (3)

Wir sind stolz der asbl "De Leederwon" 4.150 Euro überreicht zu haben.

Bei engem eventuellen Bénéfice um Widdebierglaf 2014, wëlle mir des Suën enger Associatioun aus der Gemeng zoukomme loossen.

Nodeems mir vum Projet “de Leederwon” héieren haten, war d’Décisioun séier gefall, fir dës kleng Associatioun ze ënnerstëtzen.

“De Leederwon asbl” gouf am Februar 2008 gegrënnt an huet hiren Sëtz zu Betzdorf. Si setzen en therapeutescht Konzept ëm, wat an Holland an den 80er Joren entstanen ass an do ënnert dem Num “Huifbedrijden” bekannt gouf.

D’Grondiddi vum Konzept ass et, eeler Leit, Leit mat enger schwéirer Behënnerung oder enger Demenz, déi net déi néideg Kraaft hunn fir um Päerd sëtzen ze kënnen, d’Reiden ze erméiglechen an hinnen sou Fräizäit, Spaass an Entspanung mat therapeuteschem Effekt kënnen unzebidden. Der Associatioun ass et immens wichteg, dass d’Leit sech wuel fillen a grouss Freed hunn fir mat de Päerd a Kontakt ze kommen. Sou kann och dëse Leit eng flott Fräizäitaktivitéit ugebuede ginn.

D’”Huifbed” ass eng Rumm aus Stol op dräi Rieder, déi vun zwee Päerd gezu gëtt. D’Leit leien um sougenannten “Bed”, engem Spanduch. Dëst Spanduch befënnt sech an der sou genanntener Rumm an erméiglecht de Leit, déi um Spanduch leien, d’Beweegungen vun de Päerd ze spieren. 

Sou kënne Verspanungen vun der Muskulatur duerch d’Schrëttbeweegungen vun de Päerd geléist ginn. D’Leit sinn duerno méi entspaant, hir Duerchbluddung gëtt verbessert.

Wéi een op de Foto’en erkennt, lafen d’Päerd net virun der Kutsch, mee ënnert dem Spandurch. De Kutscher sëtzt hannert de Päerd an dem Client, deen op dem Spanduch läit. Sou huet hien alles am Bléck a kann duerch e Spigel, deen iwwert dem Kapp vum Client ubruecht ass, Bléckkontakt mat dësem halen.

D’Päerd, déi fir d’”Huifbed” agesat ginn, hunn eng laang Ausbildung missen duerchlafen. Et musse roueg Päerd sinn, déi vis-à-vis vum Stress (z.B. Kaméidi) resistent sinn. D’Päerd mussen hirem Meeschter tiptop follegen an e Vetrauen zu de Mënschen kënnen opbauen. Och de Kutscher muss gutt virbereet sinn op seng Aarbecht a sech mat der Technik vun deene verschiddenen Leepositiounen auskennen.

Méi Infomatiounen fannt Dir ënnert: 

http://leederwon.blogspot.com

 

Lageplan 2023

Bitte die Bilder anklicken um diese zu vergrössern

 

 

 

 

 

 

Online Anmeldung geschlossen

Die Online-Anmeldung für den Widdebierglaf 2015 ist geschlossen

Einschreiben können Sie sich am Samstag im Kulturzenter in Mensdorf bis zu folgenden Uhrzeiten:

Hauptlauf 10km - 17:30

Kinderlauf Jahrgänge 2009-2006 --> 16:45

Kinderlauf Jahrgänge 2005-2003 --> 17:00

Kinderlauf Jahrgänge 2000-2002 --> 17:15

Plang vum Site

There is no translation available.

Klickt op d'Bild fir ët méi grouss ze gesin

Alles an engem PDF --> click