Nohaltegkeet / Green Event

Nohaltegkeet läit eis um Häerzen - de Widdebierglaf e Green Event!

Säit 2013 organiséiert d'Widdebiergfrënn Asbl. de Widdebierglaf. Vun Ufank un war eis den noohaltegen a soziale Gedanke wichteg a mir hunn dëse bei der Orgnaisatioun vu Joer zu Joer weider entwéckelt an lues awer sécher ëmmer méi emgesat.

Säit dem Joer 2022 organiséieren mir de Widdebiergaf als Greenevent (https://www.greenevents.lu/de/).

Folgend Punkte sinn eis bei der Organisatioun an dem Oflaf vum Widdebierglaf wichteg:

Rubrik Iessen:

  • D‘Iessen an d´Gedrénks, dat mir ubidden, ass lokal respektiv huet e Label wéi z.B. produit du terroir (Fleesch, Fritten,…), fairtrade (Bananen fir d`Leefer, Kaffi,…) oder bio (Béier, Orangen fir d`Leefer,…).
  • D´Waasser fir d’Leefer, dat virun a während dem Laf verdeelt gëtt, kënnt aus der Quell vum Widdebierg vu Menster.

Rubrik Material:

  • Mir verzichten op Material wat just eemol benotzt ka ginn: Säit e puer Joer kréien d‘Leefer d‘Waasser op der Streck aus reutilisabele Becheren a säit 2022 hu mir Frittendëppecher, déi an der Spullmaschinn kënne gebotzt ginn an esou ëmmer nees verwendt kënne ginn. Op dës Manéier probéiere mir onnéidegen Offall ze vermeiden.
  • Doriwwer eraus hu mir d´Méiglechkeet Material vun der Gemeng oder der Amicale vun de Menster Veräiner auszeléinen. Awer och mir selwer verléinen eist Material un aner Veräiner.
  • Mir hunn d‘Unzuel u Flyeren a Plakater mat de Joren reduzéiert. Entre-temps loossen mir nach just op recyléiertem an net plastifizéiertem Pabeier drécken.
  • T-Shirten, Ploveren oder aner Gezei, dat mir fir de Veräin produzéiere loosen gëtt aus Fairtrade- oder Biokotteng hiergestallt. An der Regel ginn dës Kleeder vun engem Atelier protégé designt a bedréckt.

Rubrik Offall:

  • Den Offall, deen virun, während an no der Manifestatioun ufällt, gett getrennt.

Rubrik Divers:

  • Mir bidden nom Laf eng Navette un, déi d`Leefer bis an d`Vestiaieren an an d`Dusche féiert an och erem zréck bei d´Fest brengt.
  • Den Erléis, dee mir maache gëtt integral fir e gudden Zweck gespent (dobäi sinn iwer 50.000 Euro an deene leschten zeng Joer zesumme komm)