Spent 2022
- Details
- 14 Jul
Den Erléis vum Laf geet wéi all Joer erëm un e gudden Zweck!
Dëst Joer si mir frou der Fondatioun EquiVelo e Scheck vu 5.000 Euro iwwerreecht ze hunn. Si reparéieren al Vëlo'en a stellen se Flüchtlingen a benodeelegt Leit zur Verfügung. Méi Info dozou op www.equivelo.lu
Donieft hu mir 2.000 Euro un UNHCR, the UN Refugee Agency gespent, déi sech weltwäit fir Flüchtlingen asetzen.
Villmools Merci nach eemol jidderengem deen den Dag matgelaf oder gehollef hat a natierlech och all de Visiteuren
Mir freeën eis elo schonn iech alleguer op der Editioun 2023 erëmzegesinn