Online Umeldung 2023

Iwwert folgend Link kënn Dir iech fir de Laf umellen:

--> Online Umeldung <--

 

Laf 2023

Déi nächst Editioun vum Widdebierglaf fënnt de  24. Juni 2023 statt

Spent 2022

Den Erléis vum Laf geet wéi all Joer erëm un e gudden Zweck!
 
Dëst Joer si mir frou der Fondatioun EquiVelo e Scheck vu 5.000 Euro iwwerreecht ze hunn. Si reparéieren al Vëlo'en a stellen se Flüchtlingen a benodeelegt Leit zur Verfügung. Méi Info dozou op www.equivelo.lu 🚲
 
Donieft hu mir 2.000 Euro un UNHCR, the UN Refugee Agency gespent, déi sech weltwäit fir Flüchtlingen asetzen.
 
Villmools Merci nach eemol jidderengem deen den Dag matgelaf oder gehollef hat a natierlech och all de Visiteuren 👏
 
Mir freeën eis elo schonn iech alleguer op der Editioun 2023 erëmzegesinn 🙂
 

Fotoen 2022

D'Fotoe vun dësem Joer sinn online.

E grousse Merci eise Fotographen Oli Sigurdsson a Nic Schoetter (Drone) 

--> Fotoen 2022 <--

Resultater Widdebierglaf 2022

Merci u jiddereen dee beim Widdebierglaf 2022 Deel Geholl huet, sief et op der course oder als spectateur.

D'resultater vun deenen verschidde Leef fannt dir hei: 

10km

5,5km

Kannerlaf 1400m

Praktesch Informatiounen fir de Laf

D'Online Umeldung fir de Widdebierglaf 2022 ass zou.

Dir kënnt Iech dëse Samschden am Kulturzenter zu Menster umellen:

- Haaptleef 5,5 & 10km --> 15:30 bis 17:45

- Kannerlaf Joergäng 2013-2018 --> 15:30 bis 16:30

- Kannerlaf Joergäng 2007-2012 --> 15:30 bis 16:50

 Hei fannt dir all praktesch Informatiounen fir e Samschden (klick fir grouss opzemaachen):

10km Streck liicht geännert

⚠️ Opgepasst ⚠️
 
D’Streck vum Haaptlaf gouf dëst Joer liicht geännert, sou dass dëse Laf elo eng Distanz vu genau 10km huet.
 
De Beräich dee geännert huet ass blo ëmkreest

 

Newsletter

2023 ënnerstëtzt duerch:

Haaptsponsor

   

 Gold-Sponsoren

  

   

Silver-Sponsoren

Bronze-Sponsoren