Umeldung den Dag vum Laf an Zoustand vun der Streck

D'Online Umeldung fir de Widdebierglaf 2016 ass zou.

Dir kënnt Iech dëse Samschden bis eng hallef Stonn virum Startschoss am Kulturzenter zu Menster umellen.

Opgepasst!!!

Winnst de schlechte Wiederkonditiounen an de leschte Wochen ass d'Streck op dene puer "trailaartege" Passagen an engem schlechten Zustand. Denkt w.e.g. u passend Schongwierk!

Leschten Online-Umeldungsdag

Hei kënn dir iech haut nach Online umellen.

Dir kënnt iech awer och nach e Samsdes, de 25. Juni zu Menster vun 15:30 bis 17:30 umellen.

Broschüre

D'lescht Woch gouf eng Broschüre mat Informatiounen zum Laf an der Gemeng Betzder ausgedeelt.

Des kënnt dir och elo hei eroflueden 

-->   

Nach 2 Deeg Online-Umeldung

Hei kënn dir iech bis den 23. Juni online umellen:

 --> Online Umeldung 2016

Dir kënnt iech och Samsdes, de 25. Juni op der Plaz vu 15.30 bis 17.30 Auer umellen

Massage, Live-Musék, Iwwerdroung Foussball EM

de 25. Juni nom 10 Kilometer Laf gëtt niewt Iessen a Gedrénks nach Folgendes zu Menster ugebueden:

- Massage, den Erléis ass fir e gudden Zweck: fir de Kannergrupp vum Foyer Norbert Ensch zu Rued

- Live-Musék vum Josh Oudendijk

- Iwwerdroung vun den Aachtelsfinallen op der Foussball Europameeschterschaft

Trainingslaf 2016

Sonndes, de 12. Juni um 10:00 Auer fënnt en Trainingslaf statt, wou mir de Parcours vum Haaptlaf (10km) eng Kéier oflafen.

Mir lafen a verschiddenen Gruppen mat ënnerschidlechem Tempo. Eng Umeldung duerfir ass net néideg.

Treffpunkt ass beim Kulturzenter zu Menster --> (Google Maps)

Newsletter

2024 ënnerstëtzt duerch:

Haaptsponsor

   

 Gold-Sponsoren

  

Silver-Sponsoren

 

Bronze-Sponsoren