Frontpage

Resultater Widdebierglaf 2025

Merci den 308 Leefer*innen an iwwer 120 Kanner, déi um Widdebierglaf 2025 deelgeholl hunn.

D'Resultater vun de verschiddene Leef fannt dir iwwert dëse Link:

https://runtix.com/sts/10050/2985/-/-/-

 

Online Umeldung ass zou

D'Online Umeldung ass zou.

Dir kënnt iech e Samsden, de 14. Juni 2025 sur place am Centre culturel zu Menster vu 15.30 Auer un fir den Haaptlaf (5,5 & 10km) an d'Kannerleef umellen.

Dëst Joer gëtt et eng Ännerung betreffend dem Parking: dëse läit an der Rue d’Uebersyren an ass ab 16:00 Auer nëmmen nach aus Richtung Uebersyren accessibel (cf. Kaart hei ënnen).

All weider Informatioun fannt dir hei: Klick

Spend 2025

Den Erléis vum Laf geet wéi all Joer erëm un e gudden Zweck! 
 
Dëst Joer spenden mir den eventuellen Benefice un d'Alupse asbl.
 
Méi Informatiounen dozou fannt Dir op https://www.alupse.lu 
 

Online Umeldung 2025

Iwwert folgend Link kënn Dir iech fir de Widdebierglaf 2025 bis Donneschdes, 12. Juni 20h00 umellen:

Online Umeldung 

 

Laf 2025

Déi nächst Editioun vum Widdebierglaf fënnt de 14. Juni 2025 statt