Virtuelle Widdebierglaf 2020

Maach mat beim virtuelle Widdebierglaf! Du hues d’Méiglechkeet tëschent dem 27. Mee an dem 27. Juni 2020 d’10km Course vum Widdebierglaf ze lafen an eng Foto vun denger Performance op der Facebook-Säit vum Widdebierglaf ze posten oder se per Mail op This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. ze schécken. Benotz dofir eng Applicatioun (z.B. Strava, Runtastic, Runkeeper, Nike +,....) oder eng Smart Watch bspw.

 

Fir all realiséierte Laf spenden d’Widdebiergfrënn 8€ un d’asbl Digital Inclusion (www.digital-inclusion.lu).

 

De Parcours vum Laf ass gezeechent, Start ass zu Menster an der rue de l’Eglise, beim Panneau wou och d’Wanderwéer vun der Betzder Gemeng lass ginn.

 

Laf 2020

Déi nächst Editioun vum Widdebierglaf ass den  27. Juni 2020

Chèque Iwwerreechung 2019

De Widdebierglaf 2019 war e groussen Erfolleg.

Mir si frouh der Fondatioun EPI e Chèque vun 5.660 Euro iwwerreecht ze hunn.

 

Fotoen Widdebierglaf 2019

D'Fotoen vun dësem Joer sinn online. E grousse Merci un eise Fotograf Jean-Paul Engeldinger.

--> Fotoen 2019

Resultater Widdebierglaf 2019

D'Resultater vum Widdebierglaf 2019 fann dir hei soubal se prett sinn

Online Umeldung ass zou

Dir kënnt iech nach e Samsden, den 29. Juni am Centre culturel vu

15.30 bis 17.30 Auer fir den Haaptlaf a vu 15.30 bis 16.45 fir d'Kannerleef umellen.

 

15.30 bis 17.30 Auer: lescht Aschreiwungen a Remise vun den Dossard'en am Centre Culturel 

16.15 Auer: Präsentatioun vum Panorama-Tour a Präsenz vum Minister Lex Delles, mat uschléissendem Éirewaïn

17.00 Auer: Kannerlaf (2010-2013) vun 1 km am Duerf

17.20 Auer: Kannerlaf (2004-2009) vun 1,4 km am Duerf

18.00 Auer: Depart vum Haaptlaf an der rue de l'Eglise

géint 18.30 Auer: Arrivée vun den éischte Coureur'en

géint 19.30 Auer: Praïsiwwereechung + Live Musek mat de "Krunnemécken"

 

--> Parking + Lageplan <--

Newsletter

2020 ënnerstëtzt duerch:

Haaptsponsor

   

 Co-Sponsoren

          

 

    

  

Online-Sponsoren

   

Sponsoren