Resultater Widdebierglaf 2014
D'Resultater vun 2014 fannt fir hei
D'Resultater vun 2014 fannt fir hei
Dir hutt nach bis e Freideg, den 23. Mee 18:00 Auer, Zäit iech online hei um Site unzemellen. De Betrag vun 8€ bezuelt dir dann wann der den Dossard ofhuele kommt.
Den Dag vum Laf kënnt dir iech ab 16:00 Auer zu Menster am Centre Culturel umellen. Dee Moment kascht d'Umeldung 10€.
En Sonndeg den 11. Mai ass um 10:00 en Trainingslaf wou mir den Parcours vum Haaptlaf eng Kéier oflafen. Mir lafen an 3 Gruppen mat ennerschiddlechem Tempo. Eng Umeldung duerfir ass net néideg. Treffpunkt ass beim Kulturzenter zu Menster (--> Google Maps Link)
Den Trainingslaf haut war mat insgesamt 17 Leeferinnen a Leefer gutt besicht.
Si konnte sech d'Streck, di selwescht wéi d'lescht Jar, nach eng Kéier genee ukucken.
Dir hutt nach bis den 23. Mee Zäit, iech >> online << oder awer de 24. Mee zu Menster am Centre Culturel ab 16 Auer unzemellen.

Hei fannt Dir de genauen Oflaf vum Widderbierglaf 2014:
17:00 1km Kannerlaf (Joergaeng 2005 - 2008)
17:20 1,4 km Kannerlaf (Joergaeng 2001 - 2004)
18:00 10 km Haaptlaf
19:30 Praisiwwereechung
20:45 Live-Iwwerdroung vun der Champions-League Final
Umellen fir den Widdebierglaf 2014 kennt Dir iech >> hei <<.