Psychesch Hëllef Dobaussen

Wir sind stolz der asbl  Réseau Psy - Psychesch Hëllef Dobaussen "  4.500 Euro und der asbl "Dignity"  1.000 Euro überreicht zu haben.

 

 

D`Asbl. « Réseau Psy – Psychesch Hëllef Dobaussen » schafft mat erwuessene Leit zesummen déi ënner psychiatresche Problemer leiden. De Réseau Psy zielt zu de Strukturen am Réseau extra-hospitalier, d.h. et gëtt eng Hëllef ausserhalb vum Spidolssecteur ugebueden, an orientéiert sech um Modell vun der Sozialpsychiatrie. D`Büroen an di verschidde Servicer vum Réseau Psy befannen sech am Osten (Gréiwemaacher) an am Süden (zu Esch) vum Land.

Wéi et schonns am Ufank vun dësem Text steet, betreit de Réseau Psy Léit, déi opgrond vun hire psychiatresche Problemer engem grousse Leidensdrock ausgesat sinn. D`Populatioun di betreit gëtt si virun allem Leit mat Psychosen, Perséinlechkeetsstéierungen, Depressiounen an Angschtstéierungen. D`Mataarbechter vum Réseau Psy, sief et d`Psychiateren an d`Psychologen, d`Ergotherapeuten an d`Infirmieren an awer och d`Educateuren an Assitants sociaux intervenéieren am alldeegleche Liewensmilieu vun hire Clienten. Si hunn sech als Aufgab gesat d`Liewensqualitéit vun de Leit ze verbesseren, eng sozial Isolatioun ze verhënneren an déi néideg therapeutesch Hëlleft unzebidde an domadder och Hospitalisatiounen ze verhënneren.

De Réseau Psy huet verschidde Service déi sech u Leit mat psychiatresche Problemer kënnen adresséieren :

- D`Centres de consultation (Esch an Gréiwemaacher) fir psychotherapeutesch a medezinesch Berodung duerch d`Psychiateren a Psycholguen a Begleedung duerch Assistants sociaux.

- De Centre de jour (Esch), eng Plaz wou Eenzel- a Gruppenaktivitéiten ugebuede gi wéi z.B . Sports-, Kach- an Zeitungsgruppen oder och Mol- a Museksatelieren.

- D` Centres de rencontre (Esch a Gréiwemaacher) wou Leit mat psychiatresche Problemer kënne spontan goe fir sech mat Leit mat ähnlechen Erfahrungen a Problemer ze treffen an zesummen Zäit ze verbréngen.

- D`Logements supervisés (Esch a Gréiwemaacher), d.h. betreit Wunne fir de Leit mat Ënnerstëtzung vum Personal e méi autonoomt Liewen ze erméiglechen.

- De Service parentalité (Esch) ass rezent an d`Liewe geruff ginn an adresséiert sech un Eltere mat psychiatresche Problemer. Hei geet et drëms d`Elteren an hirer Roll an awer och an hirer Bezéiung zu de Kanner ze stäerken.

Falls Dir nach weider Informatiounen zum Réseau Psy wëllt kréien da rufft eis zu Gréiwemaacher (75 82 81 – 38) oder zu Esch (54 16 16) un oder geheit e Bléck op eis Homepage (www.réseaupsy.lu).