Photoen vun 2016

Duerch en techneschen Problem un eisem Internetsite waren d'Photoen vum leschte Joer eng Zäitchen net online.

Dest ass mettlerweil behuewen an d'Photoen sinn elo nees disponibel.

Eise Photographen Yves Becker an Alain Goedert nach eemol e grousse MERCI !

TurboTom an TrentelTun

 

Trainingslaf 2017

Sonndes, den 11. Juni um 10:00 Auer fënnt en Trainingslaf statt, wou mir de Parcours vum Haaptlaf (10km) eng Kéier oflafen.

Mir lafen a verschiddenen Gruppen mat ënnerschidlechem Tempo. Eng Umeldung duerfir ass net néideg.

Treffpunkt ass beim Kulturzenter zu Menster --> Google Maps

E Laf fir Grouss a Kleng

 

24. Juni 2017 

Ab 17 Auer: 2 Kannerleef

Em 18 Auer: 10 km Laf

 

Chèque Iwwerreechung 2016

De Widdebierglaf 2016 war e groussen Erfolleg.

Mir si frouh dem Kannergrupp am Foyer Norbert Ensch zu Rued-Sir e Chèque vun 4.000 Euro iwwerreecht ze hunn.

 

Newsletter

2024 ënnerstëtzt duerch:

Haaptsponsor

   

 Gold-Sponsoren

  

Silver-Sponsoren

 

Bronze-Sponsoren